Beaconsfield: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
Addbot (Diskussioun | Kontributiounen)
k Bot: Huet 15 Interwikilinke geréckelt, déi elo op Wikidata op d:q812906 zur Verfügung gestallt ginn
Addbot (Diskussioun | Kontributiounen)
k Bot: Huet 1 Interwikilinke geréckelt, déi elo op Wikidata op d:q812906 zur Verfügung gestallt ginn
Linn 36: Linn 36:


[[Kategorie:Stied an England]]
[[Kategorie:Stied an England]]

[[cy:Beaconsfield]]

Versioun vum 13:06, 12. Mäe. 2013

Beaconsfield ass eng Stad (Market town) am englesche Buckinghamshire.

Beaconsfield huet een alen (Old Town) an een neien (New Town) Deel. Deen alen Deel ass am 18. Joerhonnert rondërem d'Postkutschestrooss gewuess. Typesch englesch: an der Old Town ginn et aacht Pubs, woubäi ee muss bedenken, datt am ganzen Duerf 11.000 Leit wunnen.

Geographie

Beaconsfield läit nëmme 25 Meilen (ca. 37 km) vu London ewech. Den Heathrow Airport ass knapps 15 Minutte mam Auto wäit ewech, a mam Zuch brauch een net méi wéi 35 Minutte fir an den Zentrum vu London ze fueren.

Geschicht

Et gëtt ugeholl datt dëst Duerf vun de Sachse gegrënnt ginn ass, eng hëlze Kierch stoung do, wou ëm 900 n. Chr. déi aktuell Kierch gebaut gouf. Wahrscheinlech ass dëse Site gewielt ginn, wëll hien op halwem Wee tëschent London an Oxford läit, wat mat der Zäit ëmmer méi wichteg ginn ass. Déi éischte Kéier schrëftlech ernimmt gëtt Beaconsfield am Joer 1185, deemools gëtt et nach Bekenesfeld geschriwwen.

Am 13. Joerhonnert ass den Richard, Earl of Cornwall den Herrscher vum ganze Landstreech ginn. Hien war dem Kinnek Henry III. säi Brudder, net verwonnerlech also datt hien 1255 déi kinneklech Autorisatioun krut fir all Woch e Maart ofzehalen. Dëse Maart ass zwar am fréien 19. Joerhonnert ofgeschaaft ginn, mee zanter 1982 gëtt et en nees. Am Joer 1266 ass d'Duerf dem Klouschter vu Burnham zougeschwat ginn, wat dësem beträchtlech Geldzommen erabruecht huet.

Dat 18. Joerhonnert war eng Ära vun Prospéritéit, zum gréissten Deel duerch Leit, déi op der Duerchrees waren an déi op hirem Wee mat der Postkutsch tëschent London an Oxford ëmmer méi dacks am Duerf iwwernuecht hunn. Stroossenreiber (Highwaymen fir den Englänner) hunn dat och zimlech interessant fonnt an Holtspur Hill war zum Beispill eng vun den beléifteste Plaze fir Leit ze plëmmen.

Mëtt 19. Joerhonnert koum dunn awer d'Enn vun der Prospéritéit, d'Agrikultur ass ëmmer manner rentabel ginn an den Zuch huet d'Postkutsch vum Marché verdrängt. Bis 1906 ass et keng Zuchverbindung mat Beaconsfield ginn, aus geographesche Grënn.

D'Gare vu Beaconsfield war gutt 1,5 km nërdlech vum Duerf, mee si ass séier den Zentrum vum Neiduerf ginn. Haut wunnen an ganz Beaconsfield iwwer 11.000 Leit. Den ale Kär ass mëttlerweil eng Conservation Area, e steet also gewëssermoossen ënner Denkmalschutz. Alles wat nei bäikënnt, gëtt am Neiduerf gebaut.

Kuckeswäertes

Dichteg Leit vun do

Jumelage

Links

Commons: Beaconsfield – Biller, Videoen oder Audiodateien