Beaconsfield

Vu Wikipedia

Beaconsfield ass eng Stad (Market town) am englesche Buckinghamshire.

Beaconsfield huet een alen (Old Town) an een neien (New Town) Deel. Deen alen Deel ass am 18. Joerhonnert rondërem d'Postkutschestrooss gewuess. Typesch englesch: am Old Town gëtt et aacht Pubs, woubäi ee muss bedenken, datt am ganzen Duerf 11.000 Leit wunnen.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Beaconsfield läit nëmme 25 Meilen (zirka 37 km) vu London ewech. Den Heathrow Airport ass knapps 15 Minutte mam Auto wäit ewech, a mam Zuch brauch een net méi wéi 35 Minutte fir an den Zentrum vu London ze fueren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt ugeholl datt d'Duerf vun de Sachse gegrënnt gouf, eng hëlze Kierch stoung do, wou ëm 900 n. Chr. déi aktuell Kierch gebaut gouf. Warscheinlech ass dëse Site gewielt ginn, wëll hien op hallwem Wee tëscht London an Oxford läit, wat mat der Zäit ëmmer méi wichteg ginn ass. Déi éischt Kéier schrëftlech ernimmt gëtt Beaconsfield am Joer 1185, deemools gëtt et nach Bekenesfeld geschriwwen.

Am 13. Joerhonnert ass de Richard, Earl of Cornwall den Herrscher vum ganze Landstreech ginn. Hie war dem Kinnek Henry III. säi Brudder, net verwonnerlech also datt hien 1255 déi kinneklech Autorisatioun krut fir all Woch e Maart ofzehalen. Dëse Maart ass zwar am fréien 19. Joerhonnert ofgeschaaft ginn, mä zanter 1982 gëtt et en nees. Am Joer 1266 ass d'Duerf dem Klouschter vu Burnham zougeschwat ginn, wat dësem beträchtlech Geldzommen erabruecht huet.

Dat 18. Joerhonnert war eng Ära vu Prospéritéit, zum gréissten Deel duerch Leit, déi op der Duerchrees waren an déi op hirem Wee mat der Postkutsch tëscht London an Oxford ëmmer méi dacks am Duerf iwwernuecht hunn. Stroosseraiber (Highwaymen fir den Englänner) hunn dat och zimmlech interessant fonnt an Holtspur Hill war zum Beispill eng vun de beléiftste Plaze fir Leit ze plëmmen.

Mëtt 19. Joerhonnert koum dunn awer d'Enn vun der Prospéritéit, d'Agrikultur ass ëmmer manner rentabel ginn an den Zuch huet d'Postkutsch vum Marché verdrängt. Bis 1906 ass et keng Zuchverbindung mat Beaconsfield ginn, aus geographesche Grënn.

D'Gare vu Beaconsfield war gutt 1,5 km nërdlech vum Duerf, mä si ass séier den Zentrum vum Neiduerf ginn. Haut wunnen a ganz Beaconsfield iwwer 11.000 Leit. Den ale Kär ass mëttlerweil eng Conservation Area, e steet also gewëssermoossen ënner Denkmalschutz. Alles wat nei bäikënnt, gëtt am Neiduerf gebaut.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Dichteg Leit vun do[änneren | Quelltext änneren]

Jumelage[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Beaconsfield – Biller, Videoen oder Audiodateien